Minett Mash-Up: De Podcast
Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt!
All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land.
Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen.
Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 49: Ënnerwee am Fond-de-Gras
Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.
2026 steet beim Minett Mash-Up ganz am Zeeche vun der Aarbecht an der Eisen- a Stolindustrie. D’Schmelze funktionéieren nach, mä an de Lëtzebuerger Minne gëtt zënter 1981 keng Minett méi ofgebaut.
An awer schaffen nach Leit an a ronderëm d’Minne mam Zil dësen Deel vun eiser Industriegeschicht lieweg ze halen. Dowéinst si mer dëse Mount am Fond-de-Gras. Bal honnert Joer laang war dëst klengt Dall ee vun den Zentre vum Eisenäerz-Ofbau; 1955 huet déi lescht Galerie zougemaach, an tëscht 1974 an 1978 gouf am Dall nach eng Kéier am Dagebau Minett ofgebaut. Haut gehéiert de Fond-de-Gras zesumme mat Lasauvage zum Minett Park – an doheem sinn och direkt zwee Veräiner, déi historescht Material restauréieren a fir de Public erliefbar maachen: Train1900 an d’Minièresbunn Doihl.
Eis Gäscht: Robyn Wehles, Charel Kugeler & Joël Miltgen
Mir starten dësen Episod mam Robyn Wehles, der Directrice vum Minett Park. Fir d’Gespréich souze mir an der Épicerie Victor Binck, déi Enn vun den 1980er aus dem Zentrum vun Déifferdeng an de Fond-de-Gras geplënnert ass.
Fir an de Fond-de-Gras ze komme gëtt et am Summer d’Méiglechkeet mam Zuch ze fueren, dat ass awer net egal wéi een Zuch, mä den Train 1900. De Charel Kugeler, e passionéierte Member vum Train1900 verréit eis méi iwwert d’ASBL, déi d’Zuchstreck bedreift a fänkt ganz vir an der Geschicht vum Veräin un, dee schonn zënter 1970er aktiv ass.
Um Schluss geet et dann nach aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage. Duerfir geet et an den Doihl, d’Minière duerch déi d’Minièresbunn fiert, de Joel Miltgen, President vun der ASBL erkläert wéi an den 1990er déi verloosse Minière nees a Betrib geholl gouf, fir mam Zuch kënnen doduerch ze fueren.
Highlights & Rendez-vousen am Fond-de-Gras
De Fond-de-Gras ass awer net nëmme Geschicht – de Summer duerch gëtt e volle Programm am Minett Park. Sonndes an op Feierdeeg sinn den Train 1900 an d’Minièresbunn am Asaz. Et gëtt awer och eng Rei grouss Manifestatiounen am Fond-de-Gras, déi der Wäert sinn se mat z’erliewen. De 5. Juni ass owes de Night Train ënnerwee. Den 11. Juli ass den traditionellen „Blues Express“ a fir de Schluss vun der Saison invitéiert de Minett Park um leschte Weekend vum September op den Anno 1900, hire grousse Steampunk-Festival.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram