Minett Mash-Up: De Podcast
Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt!
All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land.
Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen.
Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 48: Dario Di Genova X Musée des Mines
Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.
D'Geschicht vun der Minett, hiren Ofbau, hir Weiderveraabechtung an d'Liewe vun de Leit an de Schmelzen an och an de Minnen sinn eise ruede Fuedem dëst Joer am Minett Mash-Up. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d'Mineure an hir Aarbecht, déi alles aaneschters ewéi en einfachen Job war – matten an engem Ëmfeld, wou d'Industriegeschicht nach haut lieweg ass.
Eis "Minett Location vum Mount": Musée National des Mines de Fer (Rëmeleng)
Dës Kéier féiert eis Rees de Minett Mash-Up an de Musée des Mines op Rëmeleng – eng Plaz, wou een d'Geschicht vum Biergbau net just gesäit, mä och fillt. D'Entrée vum Musée läit um Carreau vun der Minn Walert, an hei gëtt ee ganz konkret an d'Welt vun de Mineure agefouert.
De Musée existéiert elo schonn iwwer 50 Joer a gëtt de Visiteure en authenteschen Abléck an d'Aarbechtskonditiounen vun deemools. Matten an der Minn sinn et schuckeleg 11 Grad bei enger richteg héijer Loftfiichtegkeet – do muss bei Visitten net just no Visiteure gekuckt ginn, déi heiansdo an der kuerzer Box an am T-Shirt kommen, mä och no den Exponater, déi am Laf vun der Visite Guidée gewise ginn.
E speziellen Zeien aus vergaangenen Zäiten hänkt nach virum Musée: e Buggi vun der Seelbunn, déi vun Ëtteng op Déifferdeng an d'Schmelz gaangen ass. Dës Seelbunn war vun 1906 bis 1980 aktiv an huet d'Minnen mat der Weiderveraarbechtung vum Eisen verbonnen. Genee esou Detailer maachen d'Location vum Mount zu méi wéi nëmmen engem Musée: et ass eng Entrée an eng vergaangen Zäit, déi eis hëlleft, eist industriellt Ierwe besser ze verstoen.
Eise Gaascht: Dario Di Genova
Eise Gaascht, den Dario Di Genova, ass Guide am Musée des Mines zu Rëmeleng. Hien deelt seng Passioun fir d'Geschicht vun de Lëtzebuerger Minnen mat de Visiteure a bréngt d'Erënnerung un d'Aarbecht vun de Mineure lieweg erof.
Am Episod schwätze mir mat him iwwer seng Verbindung zu dëser besonnescher Plaz an iwwert seng Motivatioun, hei als Guide ze schaffen, déi op Erfarungen zeréckgeet, déi den Dario als Bouf am Ëmfeld vun der Minn um Thillebierg gemaach huet, wou säi Papp 31 Joer laang geschafft huet. D'Gespréich beliicht vill Facetten, déi d'Welt vum Biergbau ausgemaach hunn:
- d'Grënnung an d'Geschicht vun de Minnen an dem Musée zu Rëmeleng,
- d'Bedeitung vun de Minne fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft,
- déi markantst Periode fir de Biergbau an der Regioun,
- déi technologesch a mënschlech Entwécklung vun de Minnen am Laf vun der Zäit,
- d’Verschwanne vun dëser Industrie zu Lëtzebuerg,
- den Impakt vum Biergbau op d'Regioun an hir Awunner,
- an d'Fro, wat een enger neier Generatioun d’Erënnerung un dës Epoch ka viruginn.
Als Guide huet den Dario och eng besonnesch Passioun fir Modelle vun der Minnen-Industrie, déi hie elwer baut. Heiriwwer gi mer och méi an dësem Episod gewuer.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram