Minett Mash-Up: De Podcast

Episod 35: Dan Biancalana X Diddeleng

Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR Season 4 Episode 35

Kontaktéiert eis

Dës Kéier féiert eis de Podcast "Minett Mash-Up" an d'Stad Diddeleng, wou mer en interessanten Austausch mam Député-Maire Dan Biancalana haten. Hien huet eis als Comitésmember vum Syndicat PRO-SUD empfaangen an zesumme mat eisem Gaascht si mir op eng Entdeckungsrees duerch dës dynamesch Südgemeng gaangen.

Eis „Minett-Location“ vum Mount: Mémorial Porte d'Italie

Eise Rendez-vous war beim Mémorial „Porte d'Italie“, eng Skulptur vun der Kënschtlerin Yvette Gastauer-Claire aus dem Joer 2007. Dëst Monument steet als Symbol fir déi éischt italieenesch Aarbechter, déi Enn vum 19. Joerhonnert op Diddeleng komm sinn, fir an der Eisenindustrie ze schaffen.

D'Plaz läit um Hiwwel vum Quartier Italien, iwwer der Stad Diddeleng, a bitt e wonnerschéinen Ausbléck op déi fréier Diddelenger Schmelz, de Floater, den CNA an eriwwer op de Ginzebierg, mam Sendemast vun RTL.

Eise Gaascht: Dan Biancalana

Den Dan Biancalana, dee selwer italieenesch Wuerzelen huet, ass zënter iwwer 10 Joer Buergermeeschter vun Diddeleng. Als Deputéierten an der Chamber a Co-Präsident vun der LSAP ass hien e wichtege politeschen Acteur am Land.

An eisem Gespréich hu mer mat him iwwert déi rezent Erneierung vum Diddelenger Duerfkär, iwwert den zukünftege Quartier „Neischmelz“ an "Sustainable Urban Mobility Plan" geschwat. Weider Sujete war den nationale Konschtarchiv, deen zu Diddeleng geplangt ass, d’Natur- an Noerhuelungsgebidder ronderëm Diddeleng an déi sëlleg Bongerten, déi an der Stad un der franséischer Grenz am urbane Raum gëtt.

De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

Followed eis op Instagram

People on this episode