
Minett Mash-Up: De Podcast
Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt!
All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land.
Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen.
Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 30: Serge Ecker X VeWa Diddeleng
Participativ Pizzaen an e Kollektiv am Asaz fir seng Stad
Op eiser Rees duerch de Minett ass de Minett Mash-Up an dësem Mount emol nees eng Kéier zu Diddeleng. Nodeems mer virun engem Joer scho Statioun hei gemaach haten, fir an eisem Podcast méi iwwert deen neien, nohaltege Quartier „NeiSchmelz“ gewuer ze ginn, si mer zeréck op deem Site.
Eis “Minett-Location” vum Mount : De VeWa
VeWa steet fir « vestiaire-wagonnage” an ass en Deel vun der aler Diddelenger Schmelz, déi Uganks vum Joerhonnert stëll geluecht gouf. De VeWa ass Deel vum Site NeiSchmelz a wäert, am Kader vun der Transformatioun vun deem fréiere Stolwierk zu engem nohaltegen an neie Quartier vun der Stad Diddeleng, erhale bleiwen.
De VeWa ass haut awer och eng Asbl an där eng Rei Diddelenger Associatioune vum DKollektiv iwwert de Fotoclub bis d’Inter-Actions regroupéiert sinn. Si alleguerten deelen sech dat aalt Industriegebai, an deem haut eng Rei Atelieren, Säll a kreativ Ecker hiert Doheem fonnt hunn.
Erhalen a renovéiert gouf de VeWa am Kader vu partizipativen Atelieren, wou Biergerinnen a Bierger opgeruff waren de lokalen Associatiounen ze hëllefen
Eise Gaascht: De Serge Ecker
De Kënschtler Serge Ecker, deen zu Käl opgewuess ass, ass Member vum DKollektiv, deen um Site NeiSchmelz zu Diddeleng aktiv ass. Hien ass e richtege Minettsdapp an de Minett ass och eng Inspiratioun fir seng kënschtlerech Aarbecht. Säin Interessi un der Exploratioun vu verloossenen an industrielle Raimlechkeeten huet him de Wee zu enger Carrière als Kënschtler opgemaach, obwuel hien, deen aus enger Famill vu Mineure kënnt, net onbedéngt fir esou e Wee predestinéiert war.
De Serge Ecker ass bekannt fir seng Skulpturen aus recycléiertem Material a säin Engagement fir ökologesch verantwortlech Konscht. An dës Approche passt och säin Engagement beim DKollektiv, dee sech fir de Partage vu Wëssen an d’Valorisatioun vum industrielle Patrimoine asetzt.
Duerch verschidden Initiative probéiert de Serge urban Raim nei ze iwwerdenken a mat ökologeschen a sozialen Themen ëmzegoen. Den DKollektiv probéiert, och duerch de Serge Ecker a déi aner Kënschtler, déi Member sinn, d'Plaz vun der Konscht an der zäitgenëssescher Stad z‘iwwerdenken an esou e kulturellen Dialog ronderëm d'Reaffektatioun vun industrielle Frichen ze féieren.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram