Minett Mash-Up: De Podcast

Episod 28: Raoul Petit X Musée Ferrum

Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eis

Um Schluss vum Vëlosummer 2024, bei deem jo och nees Circuiten iwwert den Territoire vun der Minett Biosphere gaange sinn, consacréiere mir den neien Episod vun eisem Podcast dem Cyclissem an der Expo „Vélocité – La Vallée des champion.nne. s“.

Duerfir maache mer Statioun am Musée Ferrum, dee jo en Deel vun der Téitenger Schungfabrik ass an ënnerhalen eis, am Kader vun enger Ausstellung ronderëm de Vëlo, mat eisem Invité iwwert de Vëlo als deeglecht Transportmëttel. Laang Jore war den Drotiesel am Minett ganz beléift, fir vun A op B ze kommen, an de leschte Joerzéngten huet de Vëlo allerdéngs am deegleche Gebrauch un Attraktivitéit verluer.

Firwat ass de Vëlo manner attraktiv gouf? Wat ee maache kann, fir him nees méi Plaz am deegleche Verkéiersfloss zu Lëtzebuerg ze ginn? Dat si Froen, déi mir eisem Gaascht vun dësem Mount, dem Raoul Petit gestallt hunn.

Eise Gaascht: Raoul Petit

De Raoul Petit, deem aus dem Käldall kënnt an elo zu Diddeleng doheem ass, ass President vun der Associatioun Vëlo Diddeleng. Hei setzt hie sech zënter fënnef Joer schonn duerfir an, datt d’Vëlosinfrastruktur an der Gemeng verbessert gëtt. 

De Familljepapp schwätzt awer net just iwwert de Vëlo als Transportmëttel, mä notzt en dagdeeglech. Nodeems d’Famill Petit ee vun hiren zwee Autoe géint e Cargobike getosch huet, fiert den Enseignant net just all Dag d’Kanner selwer mam Vëlo an d’Schoul, mä duerno och nach op d’Schaff op Beetebuerg.

Seng Erfarungen, fir mam Vëlo op d’Schaff ze fueren, si Sujet am aktuellen Episod vum Minett Mash-Up. Vëlo Diddeleng an hir Efforte fir d’Vëlosinfrastruktur zu Diddeleng ze verbessere sinn e weidere Sujet dëse Mount an da schwätze mir natierlech och iwwert d’Ausstellung „Vélocité – La vallée des champion.nne.s“, déi nach bis Enn September am Musée Ferrum zu Téiteng ze gesinn ass.

De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

People on this episode